The Horse Blinders - Raufaser

Évènements
The Horse Blinders - Raufaser

„Raufaser“ heescht no „… an nach ee schéinen Dag“ vun 2023 deen neien CD vun den Horse Blinders a versteet sech als déif Verbeugung virun all deene Museker a Musekerinnen, all deene Gruppen a virun allem Fans, déi d’Rock- a Bluesmusik hei zu Lëtzebuerg grouss gemaach hunn.
.„Raufaser“ sinn 10 fonkelnei Lidder fir 10 Lëtzebuerger Stied. No der éischter Präsentatioun zu Ettelbréck am CAPE mat der Hymn „Ettelbréck – Sylvester an der Däichhal“ kënnt dir elo gespaant sinn, wat den Horse Blinders an deenen anere Stied agefall ass. Loosst iech iwwerraschen!
.De Roland Meyer spillt d’Gittar an huet d’Stécker komponéiert a getext, de Roger Melcher séngt se op seng eemoleg Aart a Weis, de Mulles Scholtes wierzt dat Ganzt mat delikaten Akkorden a suergt fir de gudden Toun. Den Jake Bock op der Batterie gëtt den Tempo un an hält de Buttek zesummen an de Ron Mullenders leet d’Fëllement mat Wuppes a Fangerspëtzegefill um Bass.
“Mir lauschteren d’Horse Blinders, well et ee Stéck Lëtzebuerger Kultur ass.”
Address
23
Grand Rue,
Vianden
| L-9410
Longitude: 6.206715
Latitude: 49.933218
Dates
Jour de l’événement: 26/04/2025
Tarifs
Type : Box office
Prix : 20€
Vianden Bot
Ask your question to our Vianden Bot
Thanks to our Vianden Bot, you can easily obtain all the information you need about the municipality of Vianden. Don't hesitate to ask specific questions to receive answers tailored to your needs.
Can't find what you're looking for?
You can find us here
Tourism Office 1A, Rue du Vieux Marché, 9419 Vianden
Opening times
